AlbumcheckJamiroquai- Automaton

Jamiroquai sinn no 7 Joer Paus zréck mat hirem 8. Studioalbum

Leschten Update: 04.04.2017, 13:56:55

12 Lidder sinn um neien Album vun Jamiroquai ze fannen. Wat d‘Thematik ugeet, seet de Frontmann Jay Kay, dass et ëm kënschtlech Intelligenz geet, an dorëms, wéi mir Mënschen duerch di modern Technologien ufänken, verschidde Saachen ze vergiessen. 2 Lidder vum Album goufen schonn am Virfeld verëffentlecht- dorënner d’Single „Cloud 9“ - een Titel deen un fréier Funk-Pop-Hits vun Jamiroquai erënnert.

Net nëmmen dësen Titel, mee och vill anere Lidder um neien Album kléngen extrem vertraut. Deen entspaanten Titel „Summer Girl“ zum Beispill, deen un deen alen Hit „Cosmic Girl“ erënnert.

Lauschtert hei de ganzen Albumcheck: