AlbumcheckThe Chainsmokers - Memories... Do Not Open

Den Yew Yorker Elektro-Duo The Chainsmokers huet an de leschte Méint weltwäit e sëllechen Hits gelant. Elo hunn di 2 Museker hiren 1. Album eraus bruecht.

Leschten Update: 10.04.2017, 15:56:51

Virun 3 Joer war dee penetranten Titel "#SELFIE" deen éischten schwéier z’erdroenden Song vun den Chainsmokers. Mat deem Sound huet den Debütalbum war näischt méi ze dinn. An souguer di grouss Hits Roses  an „Don’t Let Me Down“ passen net sou richteg an de Style vum Album.

Den Opener, mam Titel „The One“ kléngt ähnlech wéi di aktuell Single „Paris“. Et héiert een zwar nach ee kléngen elektroneschen Touch eraus, awer puren Future Bass ass dat net.

Den Titel „Break Up Every Night“ ass souguer einfach ee pure Popsong, e bëssen am Genre vum schwedeschen Duo Icona Pop. Sou geet et och mat villen vun de aneren Lidder weider.

Notéiere kann een och nach, dass den Andrew Taggert net op alle Lidder selwer séngt. Deelweis goufen och Gaaschtsängerinnen an d‘Boot geholl. Mir kenne jo schonn d‘Singelen zesumme mat Daya, Halsey an Coldplay. Doriwwer eraus hunn d’Chainsmokers och mat anere Museker wéi Emily Warren an Louane zesumme geschafft.

12 Lidder sinn um Album "Memories... Do Not Open" ze fannen. Nieft deene ville scho bekannte Singelen weisen och di nei Lidder, dass d‘Chainsmokers sech net méi als Future Bass Kënschtler, mee als Popstaren gesinn. D’Lidder sinn um Album sinn ouni Ausnahm radiotauglech Electropop-Nummeren.