AlbumcheckParov Stelar - The Burning Spider

De Parov Stelar ass bekannt fir säin Elektroswing - op sengem neien Album experimentéiert hien awer och mat Blues an Jazz.

Leschten Update: 26.04.2017, 16:40:52

Hannert dem Kënschtlernumm Parov Stelar stécht den éisträicheschen DJ a Produzent Marcus Füreder. Bekannt gouf de Parov Stelar duerch säi Faible fir  Electroswing, eng Mëschung aus Dance a Swing. Op sengem neien Album „The Burning Spider“ dréit hien dem Swing zwar net komplett de Réck, mee hien setzt een anere  Genre an de Mëttelpunkt- nämlech de Blues, deen de Parov Stelar mat moderne Beats kombinéiert.

Virreider vun dësem Prinzip war dem Moby säin Album „Play“ vun 1999. Dësen amerikaneschen Elektro-Museker huet hei Dance-Tracks mat ale Blues-Samples verbonnen. Op 5 Lidder vu sengem neien Album setzt lo och de Parov Stelar op d’Kraaft vun deenen alen Blues-Klassiker. Den Titeltrack „The Burning Spider“ zb fänkt d‘Stëmm vum Blues-Sänger Lightnin Hopkins an.

D’Blues-Legend Muddy Waters inspiréiert den DJ um Titel „Soul Fever Blues“, wou di legendär Stëmm vum Sänger mat Piano-House-Melodien ënnerluecht gëtt.

Nieft de Bluesstécker fënnt een ënnert den 14 neie Lidder awer och Stécker, déi réng guer näischt mat dësem Blues-Sound ze dinn hunn. „Step To FT“ zum Beispill, gesongen vum Parov Stelar senger Fra, ass ee klasseschen Dance-Titel, deen un dat fréit Madonna erënnert.

Aner Produktiounen wéi „Mama Talkin“ oder „Black Coffee“ sinn dogéint nees klassesch Electroswing-Stécker.

Kléngt no vill Ofwiesslung, allerdéngs ass d‘Heterogenitéit vum Album kee Plus-Punkt. Et wier besser gewiescht, wann de Parov Stelar probéiert hätt, iwwer länger Zäit eng gewësse Stëmmung ze schafen oder eng Geschicht z’erzielen.