AlbumcheckJoe Goddard - Electric Lines

Den Joe Goddard ass DJ, Produzent, Songwriter, Member bei Hot Chip - an lo huet hien och nach säin 2. Soloalbum "Electric Lines" eraus bruecht.

Leschten Update: 02.05.2017, 13:29:52

Als Deel vun Hot Chip gouf den Joe Goddard weltberühmt. 6 Alben huet d‘Band scho produzéiert. Ausserdeem ass hien och mat den 2 Bears aktiv, an hien schafft och als Remixer. Erfahrung am Songwriting huet den Joe Goddard deemno. Zimlech onverständlech ass dofir, dass hien säin neien Album „Electric Lines“ mat enger banaler an oninspiréierter Nummer wéi „Ordinary Madness“ ufänkt.

Glécklecherweis geet et um Album awer net sou weider. Op der Single „Home“ fënnt een de Charme vum Goddard senge fréiere Wierker erem, wou hien experimentell Elementer aus House an Disco mat modernem Pop verbënnt. Kombinéiert gëtt dat mat enger summerlecher Melodie, mat där Lidd eng entspaant Stëmmung kritt.

„Ordinary Madness“ an  „Home“ sinn stellvertriedend  fir den Album: et schéint nämlech, wéi wann de Goddard regelméisseg tëscht kitschegem Pop a  wierklech coolen Tracks  variéiert: „Children Of The Sun“ zum Beispill ass een emotionalen, melodiéisen Technosong.

Human Heart“ dogéint ass nees méi eng kitscheg Pop-Nummer.

Weideren Highlight ass dann deen experimentellen Titel „Lasers“.

Fazit: „Electric Lines“ ass een ofwiesslungsräichen Album, awer net wierklech kohärent. Seng stäerkste Momenter huet den Album, wann de Goddard seng Pop-Vergaangenheet hannert sech léisst an mat  elektroneschen Elementer experimentéiert. Ween dogéint intelligent Popmusek ausserhalb vum  Mainstream  wëllt lauschteren, muss wuel op deen nächsten Album vun Hot Chip waarden.

Lauschtert hei de Reportage: