AlbumcheckDie Toten Hosen - Laune der Natur

Die Toten Hosen- eng vun de kommerziell erfollegräichste Gruppen an Däitschland - ass zréck mat neier Musek.

Leschten Update: 09.05.2017, 15:48:43

Mat „Laune der Natur“ hunn Die Toten Hosen elo  hiren 16. Studioalbum eraus bruecht. Am Virfeld krute mer jo schonn di zimlech iwwerproduzéiert 1. Single „Unter den Wolken“ ze héieren. D’Virzeechen fir deen neien Album hätten duerchaus besser kënne sinn….

Als éischt fält op, dass „Laune der Natur“ een zimlech onpoliteschen Album ass. Doud, Trauer an Trennung sinn villméi ganz zentral Themen. Et fënnt ee rasant Lidder wéi den Opener „Urknall“, witzeg Nummeren „Wannsee“, awer och melancholesch Songs wéi „Geisterhaus“. Ganz emotional ass och den Titel „Eine Handvoll Erde“, deen d‘Band fir de verstuerwene Manager Jochen geschriwwen huet.

No iwwer 30 Joer Bandgeschicht kennen d’Jongen hir Qualitéiten, an sou ass och des Kéier deen een oder aneren Hit mat dobäi. Ernimme kann nieft dem intensiven Opener och nach den Titel „Pop&Politik“, grad wéi den Titeltrack.

Fir all gudde Song ass awer op mannst och ee schwaachen Titel um Album.  Den Titel „Energie“  nervt enorm an och „Alles passiert“ hunn d’Museker schonn e puer mol besser geschriwwen.

Fazit: deen neien Album ass zum Deel zolitte Rock, zum Deel e bëssen langweileg, awer seelen sou glat poléiert, dass hiren Radiorock allze kitscheg eriwwer kënnt.