AlbumcheckHarry Styles - Harry Styles

Mat One Direction huet hien grouss Halen gefëllt a Millioune Placken verkaf. Elo huet den Harry Styles säin éischte Soloalbum eraus bruecht.

Leschten Update: 22.05.2017, 14:49:22

Et ass méi wéi 18 Méint hir, do stoung di britesch Boygroup One Direction fir d’lescht zesummen op der Bühn. De Fanliebling Harry Styles huet d‘Zäit genotzt: elo ass säin éischte Solo-Album eraus komm.

Op Jamaika huet hien mat senger Band di meeschte Lidder fir säin Debüt-Album opgeholl. Dorop séngt hien vrun allem iwwer ganz perséinlech Erfahrungen. Den Album huet dofir deen einfachen awer novollzéibaren Numm „Harry Styles“. Schonn di éischt Single „Sign of the Times“ weist ee ganz nodenklechen jonke Mann. Des Indie-Pop-Ballade befaasst sech mat der aktuell konflikträicher Weltsituatioun. 

Nodenklech an ongewéinlech Wieder fir e Boygroup-Sänger fënnt een hei. Ee Lidd mat hien eng neier Zilgrupp uschwätze kéint. Net méi déi ausgeflippten Teenies, mee eng méi eeler Generatioun, mat engem Sound déi déi britesch Zeitung „Guardian“ un de  Prince an David Bowie erënnert. Ennert den 10 Lidder um Album sinn dem „Rolling Stone Magazine“ no souwuel klassesch Rocksongs („Kiwi“) wéi psychedelesch Poplidder („Meet Me in the Hallway“). 

Lauschtert hei de ganzen Albumcheck: