AlbumcheckLinkin Park - One More Light

Op hirem 7. Studioalbum „One more light“ weise Linkin Park, dass si mëttlerweil am Mainstream-Pop ukomm sinn.

Leschten Update: 22.05.2017, 16:17:23

Fakt ass: Linkin Park 2017 sinn net méi mat de Linkin Park vum Joer 2000 ze vergläichen. Aal Fans goufen längst vergrault, awer et sinn och neier dobäi  komm. Mee um Enn ass et eben ganz eleng d’Decisioun vun der Band, a wéi eng Richtung si wëllt goen: Wëll heeschen: Mat „One More Light“ leeën d’Museker een Studioalbum vir, op deem si sech  mat engem däitleche Stil-Wiessel presentéieren.

D’elektresch Gittar hunn Linkin Park gréisstendeels eliminéiert an domat och dee rockege Sound vu fréier. Wou deemools nach mat düsterer Stëmmung an elektronesche Kläng experimentéiert gouf, fënnt een haut banaalste Popmusek, déi austauschbar, onoriginell an emotiounslos aus de Boxe plätschert. Wann d‘Kalifornier de Moment Loscht op Popmusek hunn, dann däerfen si dat och ausliewen. Et passt just net sou richteg, wann ee bei engem Linkin-Park-Album ee Sound kritt, dee kléngt wéi bei Maroon 5, Justin Bieber oder OneRepublic.

Egal wéi oft den Nolauschterer deen 35 Minutten kuerzen Album och lauschtert, méi wéi eng warem Lëftchen ass „One More Light“ leider net ginn. Dobäi ass de Problem net, dass Linkin Park elo Popmusek maachen, de Problem ass, dass di 10 Lidder zimlech banal sinn. Et bleift näischt am Ouer,  an dee massiven Asaz vun  Auto-Tune nervt op Dauer einfach just.

Lauschtert hei de Reportage: