AlbumcheckBrian Fallon - Sleepwalkers

De Sänger vu Gaslight Anthem huet mam Album "Sleepwalkers" säin 2. Solo-Album erausbruecht. Et ass säi beschte Songwriting säit Joren.

Leschten Update: 06.03.2018, 14:22:42

De Brian Fallon kënnt de 19. Juni an den Atelier a presentéiert säin neien an 2. Soloalbum "Sleepwalkers". En Album, dem säi Songwriting gelueft gëtt. Am Summer wäert hien dann erëm mat senger Band Gaslight Anthem op Tour goen, fir eng éischte Kéier säitdeem d'Band 2015 eng Paus ageluecht huet. Hier Tour, mat e.a och Concerten an Däitschland, ass am Kader vum 10 Gebuertsdag vun hiren 2008 Album "The '59 Sound", hirem Duerchbroch-Album. A Kritiker soen haut, dat de Fallon mat sengem neie Soloalbum endlech rëm un de Songwriting vun deemools eru kënnt. Schluss mat negativen Texter, ma dofir e.a en Hommage un d'Soul-Sängerin Etta James, a gutt, wéi och perséinlech Songs wéi "If Your Prayers Don't Get to Heaven" a "Forget Me Not". 

Wien dem Brian Fallon seng Stëmm eng Kéier héieren huet, wäert se ëmmer erëmerkennen, esou eenzegaarteg ass déi. Um neien Album setzt hien se an de meeschte Fäll gutt an, mat Gittartentéin an ëmmer rëm rockegem Sound, ma awer och mol soulege Melodien. 

A wien den Album bis zum Schluss lauschtert, de kritt mat "See You On The Other Side" nach en akustesche Love-Song geliwwert, den un eng Léift nom Dout gleeft! 

Den Album "Sleepwalkers" ass en Album, deen ee gären 2 mol lauschtere sollt, éier een en Uerteel fält.