AlbumcheckNathaniel Rateliff & The Night Sweats - Tearing at the Seams

No hirem groussen Hit "S.O.B" am Joer 2015, sinn Nathaniel Rateliff & The Night Sweats zréck mat hirem 2. Album "Tearing at the Seams".

Leschten Update: 13.03.2018, 08:44:26

Den Drock fir d'US Museker rondërem de Sänger Nathaniel Rateliff war grouss, nom Succès vu virun 3 Joer. Ma de Museker ass relativ séier kloer ginn, dat si keen esou en Hit wéi "S.O.B" méi schreiwe wäerten. A bei allem Respekt fir d'Fans an d'Medien, huet de neien Album och ee misse sinn, hannert dem d'Museker stinn. 

Fir hiren 2. Album "Tearing at the Seams" hunn de Nathaniel Rateliff & The Night Sweats sech op eng Ranch a New Mexiko zréckgezunn. Ronderëm war näischt, just d'Museker an hire selwer ageriichte Studio. No e puer Wochen hate si 11 Lidder zesummen. E Mount méi spéit, d'lescht Joer am Abrëll war hiren Album fäerdeg. Ma de Nathaniel Rateliff war net ganz iwwerzeegt. Am Oktober ass den Album iwwerschafft ginn, an zanter dem 9. Mäerz ass en dobaussen.

"Tearing at the Seams" ass en zum Deel instrumentalen Album mat eng Rëtsch vun akusteschen Deeler a Retro-Soul drop. Am Song "Babe I Know" bréngen déi 8. Museker de Ray Charles Swing zréck. Den Opener "Shoe Boot" ass no enger Jam-Session am Studio entstanen, zu "Still Out There Running" hunn d'Museker eng perséinlech Relatioun, déi se nach net ëffentlech maachen, an am Song "You Worry Me" sange se vun enger jonker Koppel mat Kand, déi sech Distanzéiert huet a probéiert d'Famille erëm zesummen ze kréien. 

"Tearing at the Seams" ass e Nathaniel Rateliff & The Night Sweats Album mat dem si hoffen dem Public ze weisen, dat si méi kennen, wéi just de Song "S.O.B". An dat gléckt hinnen!