AlbumcheckJonathan Wilson - Rare Birds

Den US Amerikanesche Produzent, Gittarist a Sänger Jonathan Wilson iwwerzeegt d'Kritiker mat sengem 3. Soloalbum "Rare Birds".

Leschten Update: 21.03.2018, 15:00:08

Mam Album “Rare Birds” liwwert den US Amerikanesche Gittarist a Museker Jonathan Wilson en Album, deen eis mat zréck an der Zäit hëlt!

Wien Pink Floyd Afless, wéi am Song „Theres A Light“ eraushéiert, dee leit ganz richteg. An déi Aflëss komme vum Roger Waters, Matgrënner vu Pink Floyd. Den Jonathan Wilson gehéiert nämlech zum Waters senger Band an Tourt seit enger Zäit mat him!

 

A genee esou ass säin neien an 3. Album “Rare Birds” entstanen. Tëscht dem Rogers Waters senger Band, sengen Tätegkeeten als Produzent a ville weidere Projeten. An dach klengt den Album net, wéi wann e schnell emol niewebäi produzéiert gi wier.

 

D Inspiratioun vum Album kennt vun enger Bezéiung, déi et net packe sollt a wuel och un der ganzer Aarbechter zerbrach ass. D Aarbecht um Album huet him gehollef driwwer ewech ze kommen. Am Song Theres a Light, sengem perséinleche Liiblingssong vum Album, geet et ëm genee déi Hoffnung no der Bezéiung.

 

„Rare Birds“ ass en Album op dem ganz prezis geschafft ginn. Alles am Detail wierkt duerchgeplangt an esou gewollt. Ma et ass net deen Album, deen een sech de ganzen Dag iwwer ulauschtere kinnt. Ze laang sinn och déi 13 Tracks mat gutt a gäre mol Längte vu bis zu 8 Minutten.

„Rare Birds“ kinnt als Klassiker duerchgoen. Et ass en Album deen exotesch aneschters ass.