AlbumcheckGeorge Ezra - Staying At Tamara's

Mat vill Fanta am Blut, ass dem George Ezra säin 2. Album zu Barcelona um Montjuïc entstaanen.

Leschten Update: 27.03.2018, 14:40:53

Nom George Ezra sengem éischten Album "Wanted On Voyage", e Longplayer deen en 2014 eraus bruecht huet, ass "Staying At Tamara's" säin neien, an oft esou schwéieren, zweeten Album. 

Anescht wéi beim Debutalbum, wou de Brit duerch Europa gereest ass, an all zwee Deeg d'Location gewiesselt huet, huet den Ezra dëst Kéier e ganze Mount zu Barcelona verbruecht. Mat sengem Notizbuch uewen um Montjuïc, mat vill Fanta an enger Vue iwwert eng Stad, an der hien nach ni virdru war, huet hie sech d'Inspiratioun fir de neien Album geholl. D'Owender huet e beim Tamara an der Wunneng verbruecht. Kannt huet en säin Host net, online hat hien sech eng Kummer gesicht. Um Enn sollt d'Tamara a säin Ëmkrees musikalesch sinn, wat dem 24 Joer jonken Ezra zu gutt komm ass. 

De neien Album huet 11 Lidder drop. Bei dem engen oder anere Song dréckt ee gäre mol weider, ma net beim éischten Track um Album. "Pretty Shining People" huet e gudde Sound, a mëscht Loscht op méi, och wann den Text de negatiivsten um ganzen Album ass. Mat "Don't Matter Now" a "Paradise", den 2. Single vum Album, liwwert hie Lidder déi d'Charts schonn erklommen hunn. Ma den George Ezra kann och aneschters. Ganz soft kléngt de Song "Hold My Girl". Et ass eng Mëschung tëscht senger eenzegaarteger Stëmm an de relaxe Gittaretéin. De Brit ënnersträicht mat dem Song seng Villsäitegkeet. 

Sécherlech sinn e puer Lidder um Album drop, déi Iech an eis net vum Hocker rappen, an dat suergt och fir éischter duerchschnëttlech Bewäertungen, ma den George Ezra ass e Museker, dee net esou séier vun der Bildfläch verschwanne wäert an eis déi nächste Joren ëmmer erëm mat engem Hit beglécke kann. 

Am Joer 2014 huet e sech mat sengem Debutalbum hannert dem Ed Sheeran an dem Sam Smith agereit. den George Ezra stoung an hiren Schiet. Ma dem Sam Smith säin neien an 2. Album ass gefloppt. Den George Ezra huet sech dogéint besser ugeluecht a d'Rolle getosch. Mam Album "Staying At Tamara's" stécht hien de Sam Smith elo an de Schiet.