Albumcheck30 Seconds to Mars - America

De 6. September komme 30 Seconds to Mars an d'Rockhal a presentéieren hire neien Album. En Album, deen elo ganz nei erauskomm.

Leschten Update: 09.04.2018, 14:13:20

5 Joer huet et gedauert bis den 30 Seconds to Mars Album "Love, Lust, Faith and Dreams" e Nofolger kritt huet. Genee dee Nofolger ass elo do a nënnt sech "America". D'Band ëm de Sänger Jared Leto hat e grousst Geheimnis ronderëm de Numm vun hirem 5. Longplayer gemach. D'Resultat "America" ass um Enn relativ schwach, wéi och eng ganz Rëtsch Lidder um Album. Ugefange mam Track Nummer 4, dem Song "One Track Mind", en elektronesche Song, dee guer net an de rockege Stil vun den US Amerikaner passt. Schlëmmer gëtt et esou guer am Song "Hail To The Victor"...

D'Kritiken falen genee esou negativ aus, wéi beim Virgänger. Et feelt dem Album e.a un anstännegen Textpassagen an d'Melodien sinn oft déi nämlecht an zeien sech duerch de ganzen Album.  

Dofir dat d'Museker sech e geheime Studio agericht hunn a gutt vill Zäiten haten, ass den Album leider just eppes fir d'Fans vum Akteur Jared Leto. A wonnert Iech och net, wann dir denn an Zukunft mat ganz laangem Bart sollt gesinn. De Museker huet annoncéiert säi Bart wëllen ze raséieren, wann den Album op d'1 vun de US Album Charts klamme sollt. Reng Musikalesch gekuckt, misst en dann nach ganz laang onraséiert rondërem lafen.