AlbumcheckRevolverheld - Zimmer mit Blick

5. Joer no hirem leschte Studioalbum si Revolverheld mat neiem a méi politeschem Material zréck. "Zimmer mit Blick" ass hire 5. Album.

Leschten Update: 16.04.2018, 11:08:55

Déi 4 jonk Männer, déi am Joer 2005 iwwert "Freunde bleiben" gesongen hunn an d'Welt verännere wollten, si mëttlerweil Enn 30, hu Famillen an awer nach genee esou vill Loscht op Musek, wéi virun 13 Joer. Revolverheld sinn zréck. No hirem MTV Unplugged Album am Joer 2015, haten déi 4. Hamburger Loscht op nei Lidder schreiwen. D'Resultat ass drop um Album "Zimmer mit Blick". 

Eigentlech wollten d'Museker am November 2016 e Joer Paus aleeën. Hir Unplugged-Tour war grad op en Enn gaangen. Ma no engem Mount näischt maachen, sinn d'Museker ëm de Sänger Johannes Strate zréck an de Studio gaangen. D'Resultat ass méi rockeg, wéi dat wat mir bis wëll vun hinne kennen. An et ass virun allem méi politesch. 

Am Titelsong "Zimmer mit Blick" geet et ëm déi "Verréckten" op der Welt, déi iwwerall Leed ustellen. D'Museker hannerfroen, wéi se hire Kanner dat erkläre sollen. De Song "Sieben Seelen" animéiert zwar fir matzesangen, ass awer och eng Bezéiungs-Single déi vill Problemer behandelt. Beim 2. Release vum Album "Immer noch fühlen" leeën sech d'Museker esou guer aus der Fënster a soen, et wier déi danzbarste Single, déi si bis haut erausbruecht hunn. 

Am Mäerz 2019 hu Revolverheld eng grouss Däitschland-Tour ugekënnegt, vläicht och mat engem Optrëtt zu Lëtzebuerg?

Mam neien Album schwätzen sinn net nëmmen déi jonk vun haut un, ma mat hire politeschen Themen och sécherlech déi Fans, déi an de leschte Jore mat hinnen erwuesse gi sinn.