AlbumcheckKylie Minogue - Golden

Mat sengem 14. Album traut d'Kylie Minogue sech an de Country-Beräich an et versteet keen wisou!

Leschten Update: 23.04.2018, 13:17:28

"Golden" ass dem Kylie Minogue säin Herzschmerz-Album. Am Ufank vum leschte Joer huet déi 49. Joer al Australierin sech vu sengem Verlobte getrennt. Genee déi Trennung gëtt um Album mat Zeile wéi "If I get hurt again, I’ll need a lifetime to repair!" veraarbecht. "A Lifetime to repair" ass den Titel vum Track Nummer 4 an dem d'Musekerin och op d'Mumford & Sons Gedächtnisinstrument, de Banjo zréckgräift. 

Eenzel Songs erënneren un d'Taylor Swift (Shelby 68) an un d'Lana Del Rey (Music's too Sad Without You).

Insgesamt si 16. Lidder um Album drop. Mir hunn et an der Eldo-Redaktioun probéiert, ma et ass bal onméiglech den Album ganz duerchzelauschtren. Spéitstens nom Track Nummer 8 war d'Loft eraus. De poppege Sound gemëscht mat Country Musek, EDM-Elementer a Break-Up-Lyrics sinn einfach net länger wéi 8. Lidder auszehalen. 

An dat ass och de Fazit vun engem Album, de ganz anescht hätt kinnte sinn. Wisou d'Kylie Minogue op Nashville geflunn ass an den Album an 2. Wochen do opgeholl huet, erkläert d'Musekerin mat enger Idee vu sengem Management. Et kinnt him gutt doen, a säi Musekshorizont ausbreeden. Dat huet et och, allerdéngs ass d'Resultat fir de Fan zimlech langweileg. 

Den Album "Golden" hätt sech d'Kylie Minogue eigentlech kinnte spueren. Et hätt sech an eis domat vill Zäit gespuert.