AlbumcheckDie Fantastischen Vier - Captain Fantastic

Mat "Captain Fantastic" hunn die Fantastischen Vier hiren 10. Studioalbum erausbruecht.

Leschten Update: 03.05.2018, 14:23:24

An der Zäit wou praktesch all d'Marvel Superhelden am Kino ze gesi sinn, ginn et 4. Stuttgarter Hip Hop Museker, déi op hier Aart a Weis d'Superhelden-Roll anhuelen, an dat selwer ernannt. Um Album "Captain Fantastic" ginn de Smudo a Co. an hirem 29. Bandjoer fir eng éischte Kéier Politesch. Aus hirem 1996er Hit "Populär" maache Si kuerzerhand "Populist" an alleguerten déi, déi un de Méindesdemoen deelhuele, sinn net d'Vollek, mä "Vollidioten", esou ze héieren am Lidd "Endzeitstimmung", dem 9. vu 16. Lidder um Album. 

Richteg gutt sinn déi zwou ganz ënnerschiddlech Versioune vun "Hitisn". E Lidd, dat ganz um Schluss vum Album vum däitschen Entertainer a Museker Tom Gaebel an enger roueger Versioun als Pendant zum Original aschléit. 

Ënnert de 16 Lidder sinn natierlech e puer Lidder, déi een net um Album vermësst hätt, ma wéini ass dat scho mol net da Fall?

D'Fanta 4 suerge fir eng gutt Mëschung um Album "Captain Fantastic". Et ass en Album dee sécherlech net jidderengem gefale wäert, ma déi al Huese vum däitschen Hip Hop stellen hiert d'Kënnen -u richteg gutt Texter schreiwen - alt erëm ënner Beweis. Si huelen sech selwer op d'Schëpp a weise wisou Si als Pionéier vum däitschen Hip Hop bezeechent ginn. A mam Song "Zusammen" mam Clueso liwweren si e Radiohit, deen eleng et scho wäert ass an den Album eranzelauschteren. 

Eise Fazit ass duerchaus positiv! 

D'Fanta 4 kenn dir iwwregens d'nächst Joer, den 18. Januar 2018 Live zu Lëtzebuerg erliewen, an är Tickete kenn dir hei gewannen: Loscht op Fanta 4 Ticket'en?