AlbumcheckFrank Turner - Be More Kind

De britesche Museker Frank Turner mellt sech mat sengem 7. Album androcksvoll zu Wuert. "Be More Kind" huet staark politesch Messagen parat.

Leschten Update: 08.05.2018, 06:56:15

Säit dem Joer 2005 mëscht de Brit Frank Turner eleng Musek. Zanterhier huet en iwwer 2160 Concerte gespillt. A 47 US Bundesstaaten ass de groussen USA Fan schonn opgetrueden. Elo huet hien e neien a 7. Album dobaussen. Um Album "Be More Kind" mëscht de Frank Turner en Appell un d'Mënschheet an thematiséiert nieft dem Brexit och de leschten US Wahlkampf. 

Nervös ass den Turner, wann et ëm de 5. Track um Album, de Song "Make America Great Again" geet. Dem Trump säi Wahlsproch ass Ophänger fir de wuel gréisste Satire-Song aus dem Turner senger Carrière. Ganz cool ass och de Clip zu dem Song. De Museker léist d'Bierger vun Austin op eng Tafel schreiwen, wat Amerika an hiren An esou "Great" mëscht. 

Mam Album "Be More Kind" liwwert de Singer a Songwriter méiglecherweis säi beschte Wierk. Am Track "1933", dem éischte Release vum Album erënnert hien un d'Zäit virum Nazi-Regime an Däitschland. En zitt e Verglach mat der Armut deemools an der Scholdzouweisung un d'Immigranten an der Situatioun, wéi mir se haut erëm an der Welt hunn. 

Am Song "Blackout" sengt hien iwwert e méiglecht Chaos an der Welt, am Fall wou d'Elektresch ausgoen a ni méi ugoe géif. E Lidd virdrun, am Song "21st Century Survival Blues" thematiséiert den Turner de Klimawandel. An och wann d'Sujeten eescht sinn, an een d'Texter lauschtere sollt, kritt den Turner et hin déi eenzel Lidder richteg gutt ze verpaken a mat de richtege Melodien esou anzepaken, dat den Album richteg Spaass mëscht ze lauschteren. 

Daum héich, fir dee Mann, deen den 21. Oktober 2018 am Atelier spille wäert an do säin neien Album presentéiert.