AlbumcheckCharlie Puth - Voicenotes

Den 2. Album vum Charlie Puth ass vum Museker selwer produzéiert. Endlech sinn och déi Lidder drop, déi hie wollt drop hunn, a net seng Plackefirma.

Leschten Update: 17.05.2018, 15:34:31

Virop: Déi Plack kann eppes! 

13 Songs sinn op VoiceNotes drop, a bei verschiddenen hutt dir scho matgesongen: "Attention", "How Long" oder och "Done for Me" si virum Album erauskomm! Alles RadioHits. An der sinn der nach drop. Den éischte Song um Album z.b: The Way I Am, déi iwwregens aller neiste Single. Et ass en Upbeat Song mat enger richteg gutt agesater elektrescher Gittar.

 

An iergendwou huet de 26 Järege Boyz II Men ausgegruewen. R&B Museker, déi am Puth sengem Gebuertsjoer Hiren Debutalbum an den USA 9 Milliounen un de Mann bruecht hunn an elo e Comeback feieren. Zesummen liwweren Si mam 7. Track „If You Leave Me Now“ eng cool Ballad.

D Titele vun de Lidder weisen allerdéngs a wéi eng Richtung de Songwriting geet:

Done For Me, How Long, Change, If You Leave Me Now, Patient. Et sinn alles Songs iwwer Bezeiungen, Ontrei sinn, an an an. Dat wat ee schonn 100.000x héieren huet. An dat ass meng Kritik u sengem Album, mä ech muss awer och agestoen, dat dat eben den Charlie Puth ass.

Eenzel Tracks wéi "LA Girls" hätten net misse sinn, ma dat huet een op all Album. De Sophemore Album vum Charlie Puth gëtt den Erwaardungen definitiv gerecht.

 

An endlech ass et deen Album, deen de Museker wollt. Mat sengem éischte Longplayer war de Museker selwer ni zefridden. D'Plackefirma hat d'Lidder virginn. Dat wollt de Puth dëst Kéier net méi. Hien huet d'Plackefirma an de Wand geschoss a sech sëlwer ëm d'Produktioun vum Album gekëmmert. 

.