AlbumcheckShawn Mendes - Shawn Mendes

Mat grad emol 19 Joer huet de Shawn Mendes elo säin 3. Studioalbum erausbruecht. Den Album ass nom Museker selwer benannt.

Leschten Update: 28.05.2018, 13:53:30

Mat Pop-Musek ass de Kanadier Shawn Mendes grouss ginn. Op sengem neien an 3. Album gëtt alles méi funkesch. Vum Album ass de Song "In My Blood" eis scho bekannt. Ma dat ass bei wäitem net de beschten Track um Longplayer. 

Lidder wéi "Lost in Japan", dee wéi eng Mëschung tëscht Maroon 5 an dem Justin Timberlake klengt, an "Nervous" sinn e Stéck besser. Dotëscht gëtt et, mam Julia Michaels u senger Säit, dann och mol ganz roueg. "Like To Be With You" ass eng Ballade, déi ideal an der Mëtt vum Album placéiert ginn ass. 

E Lidd dat och erausstiecht, ass den Track Nummer 11, "Youth", zesumme mam Khalid. Et ass e Lidd dat sech op d'Terror-Attack am leschte Joer zu Manchester bezitt. Den 22. Mee 2017 sinn no engem Ariana Grande Concert 22 Mënschen ëm d'Liewe komm. Mat Textzeile wéi “As long as I wake up today/You can’t take my youth away”, setzen déi zwee Jonk Museker en Zeeche vun der Stäerkt. 

De neie Shawn Mendes Album huet, wéi all Album, seng Schwächten. E Lidd, wéi den Track "Why" géif wuel kee vermëssen, wann et net um Album wier. Eng Schwächt ass wuel och de roude Fuedem, dee net um Longplayer vertrueden ass. Sief et wat d'Texter oder de Sound ugeet. Ma dat huet awer och mat den ënnerschiddleche Kënschtler zedinn, mat deenen de Shawn Mendes zesumme geschafft huet. 
Ënnert de Songwriter, déi Lidder zum Album bäigesteiert hunn, stinn d'Nimm Ed Sheeran, Ryan Tedder an Julia Michaels. Dräi ganz renomméiert Songwriter déi hiert ganz Potential zesumme mat engem ganz groussen Talent, dem Shawn Mendes alt rëm ënner Beweis gestallt hunn. 

Den Album vum Shawn Mendes muss ee ganz kloer positiv bewäerten!