AlbumcheckWelshly Arms - No Place Is Home

Mam Album "No Place is Home" melle sech d'Welshly Arms mat engem 2. Album zréck! Drop ass nieft "Sanctuary" och hire groussen Hit "Legendary".

Leschten Update: 11.06.2018, 12:25:10

D'Welshly Arms si 6. Museker vu Cleveland, déi op hirem neien Album driwwer philosophéieren, wou dann elo doheem ass! Si selwer vermëssen zwar en Deel vun der Famille, wann se an der Weltgeschicht touren, ma d'Bandkollegen sinn zu enger zweeter Famille ginn, esou erkläert de Sänger Sam Getz et. Den Titel "No Place Is Home" ass eng Textpassage aus hirer aktueller Single "Sanctuary". An den Titel ass zweedeiteg. Politesch gesinn, soll et op d'Situatioun vu villen Amerikaner hiweisen, déi sech, duerch déi aktuell politesch Situatioun, an hirem Land net méi doheem fillen. 

Fir d'Welshly Arms ass "Sanctuary" en esou genannten Non-Brainer gewiescht. Et war vun der éischter Sekonn u kloer, dat dee Song géif op den Album kommen an als Single misst erauskommen! 

"Sanctuary" kennt vläicht net ganz un hire groussen Hit aus dem leschte Joer, "Legendary" erun, ma et weist awer och, dat si méi wéi e One-Hit-Wonder sinn. An op hirem neien an 2. Album ass e weidere Song mat Hitpotential verstoppt. "Down to the River", de 6. Song um Album, huet alles, wat en Hit brauch. An dobäi fänkt de Song mat Gospel un. No engem kuerze Break kënnt dann de richtege Sound matdobäi. Fir eis ass "Down to the River", nieft "Legendary", de stärkste Song um Album.

Fir de neien Album hunn d'Welshly Arms en aalt Haus aus dem 19. Joerhonnert gelount. Eng gutt Stonn vu Cleveland ewech, hunn si matten am Wanter ganz isoléiert hire neien Album opgeholl. An all Raum gouf en anert Instrument opgeholl. All Kéiers eng aner Akustik soll dem Album e gewëssenen USP verschafen, wat hinnen esou och gléckt. 

Wann ee bedenkt, dat d'Museker den Album och nach komplett selwer produzéiert hunn, da muss een dee Longplayer gutt fannen. D'Welshly Arms liwwere mat "No Place is Home" en Album, deen nieft de bekannten Hits op mannst nach ee wierklech gudde Song drop huet. Et ass en Album dee keng Rekorder brieche wäert an och net an den Charts uewe wäert vertruede sinn, ma genee dat mëscht "No Place is Home" zu engem klengen a ganz uerdentleche Geheimtipp.