AlbumcheckChristina Aguilera - Liberation

No 6 Joer Paus ass d'Christina Aguilera mat sengem 8. Studioalbum "Liberation" zréck.

Leschten Update: 05.11.2018, 06:43:10

"Liberation" nennt sech dem Christina Aguilera säin neit Wierk. En Titel, deen d'Mamm vun 2. Kanner domat beschreift, dat et sech vun allem befreit, fir endlech rëm Musek ze maachen. Et ass och en Opruff u jiddereen dobaussen d'Mask falen ze loossen, sech fräi ze maachen an u säin Talent ze gleewen, esou wéi hat et mat der Musek mëscht. 

Ouni Zweiwel ass d'Christina Aguilera eng vun de gréisste Stëmme vun dësem Joerdausend an dat weist et och op sengem neien Album. Op "Liberation" si 15. Lidder drop an et muss een deen Album bis ganz zum Schluss lauschteren. De leschte Song ass nämlech d'Kiischt um Kuch. Mat "Unless It's With You" liwwert d'Musekerin eng Ballade, déi an d'Richtung vu sengem "Beautiful" geet. Et ass e Song, dee vum Shawn Mendes matgeschriwwe ginn ass, an dem Xtina seng Stëmm endlech rëm richteg zur Geltung bréngt. 

Virdru kinnt ee sech wéi am Eminem sengem "Sing for the Moment" fillen. Den Track 3 "Maria" fänkt mat engem ganz ähnleche Sound un. A wien Genesis haut nach gäre lauschtert, deem sief den Track 14 "Masochist" un d'Häerz geluecht. 

Déi dräi genannten Tracks sinn ouni Zweiwel mat déi beschten um neien "Liberation" Album. E Longplayer den un dem Aguilera seng Ufankszäiten erënnert. Wien gehofft huet, d'Musekerin géif nach eng Kéier esou en Hit wéi "Fighter" (aus dem Joer 2002) erausbréngen, dee sollt onbedéngt an de 4. Song vum Album, de Song "Sick of Sittin'" eralauschteren. Och wann dat Lidd net esou Hitpotential huet, wéi et "Fighter" hat, geet et an d'Richtung vum 2002er Hit. 

Wéi d'Christina Aguilera fir d'lescht op Tour war, war et schwanger iwwert sengem Bouf, dem Max. Um neie Longplayer ass dem 10 Joer ale Max seng kleng Schwëster ze héieren, wat weist wéi d'Zäit vergaangen ass. Ab September wäert d'Christina Aguilera dann och endlech rëm touren.