AlbumcheckBebe Rexha - Expectations

De Bebe Rexha Debutalbum "Expectations" ass do an eisen Album Check vun der Woch.

Leschten Update: 25.06.2018, 14:48:41

Enn August kritt d’Bebe Rexha seng 29. D’Musekerin liwwert elo mat „Expectations“ säin Debutalbum. Ma dat heescht awer net, dat d’US Musekerin nei am Business ass. Mat 20 huet et bei de Grammy Awards e Präis kritt fir déi beschte jonk Songwriterin. Lidder wéi dem Eminem an dem Rihanna hiren „The Monster“ si vun him matgeschriwwe ginn. Nodeems et an de leschten zwee Joer a ville Collaboratiounen ze héiere war – e.a un der Säit vum G-Eazy a „Me, Myself & I“ – liwwert d’Musekerin elo mat „Expecations“ en éischten Album.


D’Stäerkt vum Album leit natierlech an den Texter. Den Album start mam Song „Ferrari“. De Song handelt vum Liewen op der Iwwerhuelspur, wéi et mat engem Ferrari üblech ass. Vill Suen a vill Erfolleg maachen net grad manner Einsam, beséngt d’Musekerin. Eng negativ Astellung déi et am Song „Sad“ iwwerhëlt. Do sengt et, dass et villäicht bequem ass traureg ze sinn. An der neier Single „I’m A Mess“ gräift d’Bebe Rexha op e Klassiker zréck, dem Meredith Brooks säi „Bitch“: „I’m a mess, I’m a loser, I’m a hater, I’m a User“, erënnert staark un „I’m a Bitch, I’m a Lover, I’m a Child...“. Duerno bemängelt et, dat ni een opdaucht, wann hat net bezilt an e Patt ausgëtt.

Mat “Meant to Be” zesumme mat de Country-Museker vu Florida Georgia Line, ass en US Nummer 1 Hit um Album drop. Ervirstiechen deet och de Song “I Got You”, e Song aus dem leschte Joer, deen op Youtube iwwer 250. Millioune Views huet. Et sinn zwee ganz ënnerschiddlech Lidder, déi och d’Richtung vum Album ënnersträichen. „Expecations“ ass villsäiteg, ma am grousse ganzen awer e Pop-Album. Et ass en zolitten Album vun enger Musekerin, déi aktuell op der Iwwerhuelspur ënnerwee ass, sech do awer relativ eleng fillt, wéi e Ferrari eben.