AlbumcheckFlorence + The Machine - High As Hope

Mat "High As Hope" liwwert Florence + The Machine e neien a 4. Album. En erzielt vill Privates vum Florence Welch.

Leschten Update: 02.07.2018, 14:11:28

"South London Forever" ass en Hommage un déi Plaz wou d'Florence Welsh grouss ginn ass, an haut nach ëmmer lieft. Et zielt vun dem Café, wou et ëmmer war. Do wou et éischte Bands gesinn huet spillen oder mat Leit Hand gehalen huet, déi et just kenne geléiert. Et stellt am Song fest, dat et besser net ka ginn. 

Grace heescht dem Florence Welsh seng Schwëster a bei dem entschëllegt et sech, dat et säin 18. Gebuertsdag ruinéiert huet. En Track méi spéit kennt de Song "Patricia". En Tribute fir d'Patti Smith, US Musekerin an dem Florence Welsh säi Virbild oder säin "North Star", wéi hat et nennt. 

"High As Hope" ass deen Album, deen déi britesch Musekerin scho fir 2015 versprach hat, ma um Virgänger "How Big, How Blue, How Beautiful" awer net agehalen huet. Den Album setzt dem Welsh seng staark Stëmm an de Virdergrond a verzicht op vill Schnick Schnack. Den Album wierkt berouegend an e gutt Stéck méi erwuesse wéi seng Virgänger. D'Florence Welsh huet villes an de leschte Jore geleiert, esou och d'Fanger vum Alkohol ze loossen oder aus engem donkele Lach erauszekommen. Eppes wat et um Album e.a am Track "Hunger" thematiséiert. E Song mat vill Power dran, a sécherlech ee vun de beschte vum neien Album. Sollt déi aktuell Single Iech gefalen, da lauschtert Iech och de Recht hunn, wëll dann ass "High as Hope" och méi wéi just e Geheimtipp.