AlbumcheckTom Grennan - Lighting Matches

Den 23. Joer ale Brit Tom Grennan presentéiert säin Debutalbum "Lighting Matches".

Leschten Update: 09.07.2018, 14:43:25

Frësch opréiert, mat 4. Placken a sengem Kifer, louch den deemools 18 Joer alen Tom Grennan an engem britesche Spidol. E war vu Friemen zerklappt ginn an huet déi nächsten Zäit an engem Spidolsbett verbruecht. Do huet en ugefaange Lidder ze schreiwen. Et sollt d'Enn vu sengem Dram si Fussballprofi ze ginn, an de Ufank vun enger anerer Karriär sinn: Museker!

5 Joer an 3. EP's méi spéit ass dem Grennan säin Debutalbum endlech dobaussen. Endlech? Den Album "Lighting Matches" hätt scho sollten am Mäerz kommen, ma dat huet sech net gutt ugefillt gehat, an dowéinst ass de Release Datum verréckelt ginn. Oder aneschters ausgedréckt: d'Konkurrenz ass elo virun der Summervakanz méi kleng a säi Longplayer kritt déi Opmierksamkeet, déi den Album "Lighting Matches" Album verdéngt huet. 


Den 23. September, Sonndes Owes, presentéiert hien säin neit Wierk zu Lëtzebuerg am Atelier. Et géif mech net wonneren, wann den Ticketsverkaf an de nächste Woche klamme sollt. "Lighting Matches" ass e staarken éischten Album. E Longplayer, deen ech dem Tom Grennan an der Form net zougetraut hätt. Et ass elo schonn ee vu menge Liiblingsalbe vum Joer, an ech hunn e grad emol 2x gelauschtert. 

Et ass schwéier soen, wéi ee Song drop erausstécht. Nieft de Bekannte Lidder wéi "Something in the Water", "Praying" oder "Sober", sinn dat sécherlech den Titeltrack, ma awer och "Aboard" oder "Found What I've Been Looking For". "Lighting Matches" liwwert zum Deel düster Texter vun engem Mann, deen iwwert sech selwer seet, dat hien een ass, deen ëmmer an iwwerall fir Chaos suergt. A well de "Mister Trouble" wierklech kengem anere Kënschtler ähnlech klénge wëll, huet e wärend de ganze Studiosaarbechten einfach guer keng aner Musek gelauschtert. Den Tom Grennan war awer esou ongedëlleg, dat e seng Tour scho virum Album Release lancéiert huet, fir Feedback ze kréien. Dee schéngt positiv gewiescht ze sinn, soss hätte mir de neien an éischten Tom Grennan Album "Lighting Matches" wuel elo net um Schreifdësch leien. 

Den Tom Grennan hofft dat säin Album de Leit am Gediechtnes bleift a net langweileg gëtt. Dat mëscht en definitiv net, och wann en hätt kinnten 1-2 Lidder méi kuerz sinn, mä wéi een Album ass scho perfekt?


David Kayser

Eldoradio