AlbumcheckPanic! At The Disco - Pray For The Wicked

2. Joer nom leschten an erfollegräichen Album "Death of a Bachelor", ass de neien a 6. Panic! At The Disco Album "Pray For The Wicked" dobaussen.

Leschten Update: 16.07.2018, 15:01:59

2004 hu sechs Kollegen d'Band Panic! At The Disco gegrënnt. Sänger war deemools wéi haut de Brendon Urie. Ma béiss Zonge behaapten, hien hätt de Recht vun der Band vergrault. De neien Album ass e Solo-Projet vum US Amerikaner. Op Tour gëtt hien vun e puer Museker begleet, ma soss lieft den Urie de Panic! At The Disco Draam eleng weider!

Den Urie, onverkennbar duerch seng Stëmm, huet am leschte Joer Musical-Erfarung um Broadway gesammelt. A genee dat spillt an de neien Album mat an. "Pray For the Wicked" ass en hyperaktiven Album deen iwwerdréint ass, wat net ëmmer muss schlecht sinn. 2016 sollt "Death of a Bachelor", de 5. Album vu PATD fir e Grammy Award nominéiert ginn. De Pete Wentz vu Fall Out Boy nennt dat neit Wierk "Death of a Bachelor op Steroiden". Et beschréift de Gesamtandrock vum Longplayer. 

D'Themen um Album si Gott, d'Mamm an en Drink. Iwwert d'Lyrics gëtt och vill gerätselt. Dréint et sech beim Longplayer ëm d'Aarbecht vun engem Mann, dee ganz vill vu sech hält, oder vun engem dee sech gären op d'Schëpp helt? Eng Saach ass kloer: et si Wourechten dran. D'Textpassage "I'm a hooker sellings songs and my pimp's a record label" beschreift de Musiksbusiness. 

Mat Stadionhymen start den Album. Duerno kennt de Wuel beschten Track vum Album "Hey Look Ma, I Made it". No Songs, déi sech net richteg fir eng Stilrichtung entscheede kënnen, schleisst "Pray for the Wicked" mat enger Ballade of. E Song, deen dem Urie seng Stëmm ervir hieft. 
Wien et bis dohin ausgehalen huet, huet vill Drama erlieft an dierft frou sinn, dat de Longplayer just knapp 30 Minutten dauert!