AlbumcheckClueso - Handgepäck I

Ëmmer beim Clueso mat op Tour ënnerwee ass säin Opnahmegerät. A genee dorop sinn iwwert déi lescht 10 Joer Lidder entstanen. Déi presentéiert hien elo!

Leschten Update: 27.08.2018, 14:26:20

Dem Clueso säin neien Album ass anescht, anescht wéi seng Virgänger ma en ënnerscheet sech och vun de kommerziellen Alben déi een haut héiert. De Clueso huet iwwert déi leschten 10 Joer op Tour Lidder geschriwwen, an zum Deel och opgeholl. An dat mat Hëllef vu Geschir, dat grad ronderëm e stoung. Esou huet en z.B de Sound vun enger Couche benotzt oder einfach mat de Fanger geschnippst. A seng Texter huet e mat engem Dictaphone opgeholl. Et sinn 18 Lidder zesummekomm, a genee déi sinn ze héieren op sengem „Handgepäck I“ Album. En éischte Song, den Träck 16 „Dünnes Eis“ ass schonn am Joer 2007 entstanen, anerer si no a no dobäikomm. Bis op vereenzelt Elementer wéi den Cello am Song „Wie versprochen“, déi am Studio nodréiglech agebaut goufen, sinn d’Songs am kompletten Original-Zoustand.

 

Et ass insgesamt schwéier e Lidd ervirzehiewen. Vläicht gefält Iech „Vier Jahreszeiten an einem Tag“ am Beschten. Méiglech ass awer och den Track „Wie versprochen“ oder awer vläicht „Waldrandlichter“. Fir jiddereen ass eppes um „Handgepäck I“ Album dobäi, et muss ee just vläicht e bësse siichen.  

 

De Clueso ass ganz nom Motto „Leise ist das neue Laut“ ënnerwee. Wuel wëssend, dat seng Lidder keng riseg Radioshits ginn a net jidderengem gefale wäerten. Ma den Album „Handgepäck I“ ass éierlech, privat a vu fir bis hanne vollgepaakt mat ganz vill Charme. Chapeau fir dat Wierk!