AlbumcheckMarteria & Casper - 1982

Zwee vun den aktuell ugesotesten däitsche Museker presentéieren e neien Album! De Marteria & Casper Album "1982" huet 10. Lidder drop a kleng éierlech.

Leschten Update: 06.09.2018, 10:08:59

Et huet 2009 als Abrëllsgeck ugefaangen, an ass elo Realitéit ginn: Zwee vun den erfollegräichsten däitsche Rapper aus de leschte Joren hu sech zesumme gedoen an en Album produzéiert. De Marteria an de Casper presentéieren 1982, En Album den hier Geschicht erzielt.

Casteria, sou nennt sech de Rapperduo, sinn Allenzwee am nämmlechte Joer gebuer a sou huet sech de Numm vum Album och schnell zesummegesat. „Als Ob’s Gestern War“ heescht dat éischt Lidd um Album. Et erzielt, wéi ënnerschiddlech si opgewuess sinn.De Casper an Amerika, de Marteria zu Rostock an awer  deelen si relativ vill, virun allem d'Léift zu der Musek. Insgesamt ass et e ganz perséinlechen Album mat de Geschichten hannert de Kulissen.

Vun „Adrenalin“ virum Optrëtt bis „Champion Sound“, andeem si sech och einfach mol selwer feieren, ass alles matdobäi. Ma éier den Adrenalin kennt, ass de Casper virun all Concert extrem nervös. Ëmmer dann wann d’Intro-Musek leeft, fänken déi zwee Museker eng Partie Uno un. Dat berouegt Si.

Mat um Album drop ass och déi australesch Musekerin Kat Frankie. Eng Kollaboratioun déi ze gefale weess.

Casteria promot hiren Album aktuell mat Gratisconcerten, déi si spontan ukënnegen. An dat zitt richteg gutt. Eleng den Optrëtt zu Köln um Tanzbrunnen ass richteg gutt besicht gewiescht, obwuel de Optrëtt matten an der Woch Mëttes um 1 Auer war.

Zu de beschte Songs um Album zielen den Opener „1982 (Als Ob’s Gestern War)“, wéi och „Supernova“. „1982“ ass en Album vun zwee Museker déi aktuell alles richteg maachen. An de Longplayer hält wat e versprach huet.