AlbumcheckThe Night Game - The Night Game

De Martin Johnson presentéiert den éischten Album vu sengem neie Projet "The Night Game".

Leschten Update: 11.09.2018, 11:50:04

Den 32 järegen US Museker Martin Johnson war fréier bei der Band Boys Like Girls, haut tourt hie mat sengem neie Projet duerch Europa. The Night Game heescht säi Projet an och den éischten Album dovun.

Et ass en Album deen eis vum Sound hier mat zréck an d'80er hëlt. D'Texter dogéint dréien all ëm de Sänger a säi Liewen. Et ass seng "Journey", wéi de Museker et ausdréckt. Esou ass z.B de Song "Die A Little" drop. E Lidd dat hien amfong fir en aner Museker geschriwwen huet, éier en dat a Fro gestallt huet, well d''Lidd zu senger Geschicht zielt an dowéinst och op säin Album erop soll.

Mat dem éischten Track "The Outfield" huet hien net nëmmen op sech Opmierksam gemaach, ma et war och den éischte Song deen hie geschriwwen huet. Duerno sinn him d'Aarbechten um neie Wierk zimlech einfach gefall.
D'Resultat ass säin éischte groussen Hit "Once in a Lifetime". E Song iwwert déi eng Chance am Liewe fir alles ze veränneren. Den Johnson war zu dem Zäitpunkt net wierklech motivéiert fir Concerten ze spillen, ma Frënn hunn  praktesch aus dem Haus gezunn an op d'Bühn gedréckt. Et sollt deen ee Concert sinn, dee seng Motivatioun zréckbruecht huet.

Den Album "The Night Game" huet 11. Lidder mat drop. Nieft den aktuellen Hits sinn d'Lidder "The Photograph" an "Do You Think About US", zesumme mam Caroline Polachek ervir ze hiewen! De leschtgenannten Track handelt vu senger Entscheedung als 18 järegen d'Heemecht ze verloosse fir Musek ze maachen, an de Gedanken drun, wéi säi Liewe wuel so verlaf wier.

Fazit: Wien d'Lidder "Once in a Lifetime" an "The Outfield" gutt fënnt, deem wäert den Album gutt gefalen.