AlbumcheckFynn Kliemann - Nie

E Youtube-Star gëtt zum Popstar a fënnt dat net esou gutt! Dat ass dem Fynn Kliemann säi Liewe kuerz erkläert.

Leschten Update: 03.10.2018, 15:00:06

Mam Fynn Kliemann sengem neien an éischten Album „Nie“ presentéiere mir Iech dës Woch e Wierk, dat Aneschters ass. An dat an alle Formen. E Plackekontrakt wollt de Mann mat der talentéierter Stëmm net. En huet en eegent Plackelabel gegrënnt. Hien mëscht nämlech alles léiwer selwer. Op d’Charts huet hien och keng Loscht, och wa säin neien Album Nummer 1 Potential an der däitscher Heemecht hätt.

 

De Kliemann mëscht dat wat him gefält, an e fillt sech doduerch de Moment och relativ onwuel. Hien ass zum Popstar an Däitschland ginn, gëtt op der Strooss erkannt a fir eng Foto gefrot. Domat ëmgoen ass nei fir hien. E Grond wisou „Nie“ säin éischten a leschten Album kinnt sinn.

De Mann, deen an der Bremer Géigend Doheem ass, ass Youtube-Star. Op sengem Bauerenhaff baut hien déi verdreckste Saachen. Elo mëscht en och nach Musek erfollegräich Musek niewebäi. Et sinn awer net seng éischte Schrëtt an der Musekswelt. Mat engem Kolleg huet e scho mol Musek gemaach. Mat engem ëmgebaute VW-Caddy ass en duerno vu Foussgängerzone zu Foussgängerzone gefuer an huet do gespillt.

 

Säin Album „Nie“ ass géint all Erwaardung net witzeg, a voller Chaos, mä schéin duerchduecht an zum Deel och gefëllt mat serieuxen Themen. Wann hien e Projet um Bauerenhaff ufänkt, da gëtt en iergendwann fäerdeg domat. Dat ass anescht mat der Musek. Do huet e missen ofspecken, fir d’Lidder net ze iwwerlueden. An e gudde Song ass ni richteg fäerdeg, esou de Kliemann. An dat erkläert den Titel vun engem Wierk, dat sech direkt e puer mol um Stéck lauschtere léist a wierklech gutt ass! E Popalbum, dee säin Zweck méi wéi erfëllt.