AlbumcheckTwenty One Pilots - Trench

Den US Erfollegs-Duo Twenty One Pilots ass 3. Joer no hirem grousse Succès mat engem neien Album zréck.

Leschten Update: 09.10.2018, 15:07:52

"Trench" ass de 5. Album vun den US Museker Tyler Joseph an Josh Dun, déi sech Twenty One Pilots nennen. 

Déi 2. sinn 2015 mam Album "Blurryface" an de Songs "Stressed Out" a "Ride" grouss duerchgestart. De laang erwaarten Nofolger ka sech weise loossen. "Trench" liwwert 14. Lidder, e puer seriös Themen an e Sound, deen eise Musekschef sech fir de leschten Justin Timberlake Album gewënscht hätt. Virun allem de Song "Morph" hätt kinnten en Justin Timberlake Succès ginn, esou éise Serrig.

Mat "Jumpsuit", dem éischte Liddeum Album, geet et méi düster an de Longplayer eran. Düster sinn zum Deel och d'Themen um Longplayer. Onsécherheet, Vertrauen, ma awer och mental Problemer ginn thematiséiert. Besonnesch stécht hei de Song "Neon Gravestones" ervir. E Song deen direkt d'Nimm Chris Cornell an Chester Bennington oprifft. Béid Museker hu sech 2017 d'Liewe geholl. Am Song hannerfreet den Tyler Joseph op net vereenzelt Artiste mam Selbstmordgedanke spille fir hire Numm nach méi bekannt ze maachen. Dat weisen d'Textpassagen "I could give up, and boost up my reputation/I could go out with a bang/They would know my name". Um Enn vum Song geet awer ervir dat de Museker vu sech selwer schwätzt a fir de Fall wou hofft, dat keen ëm en trauere géif. A ganz onofhängeg dovu sollt een d'Liewen dat mir geschenkt kritt hunn genéissen! 


D'Museker iwwerraschen zum Deel mol mam Asaz vun engem Piano oder enger elektrescher Perkussioun. Eppes wat den Album ofwiesslungsräich an erfrëschend mëscht. E Song fir d'Grousselteren huet den Album mat "Legend" och ze bidden. Et ass en Hommage un hir Virfaren, déi si esou vill geléiert hunn. Et ass e Song deen eis och drun erënnere soll eis Grousseltere mol rëm ze besichen! 

A 19. Länner huet de neien Twenty One Pilots Album d'Plaz 1 vun den Album Charts schonn ageholl. Dat schwätzt fir sech. De Longplayer hat e staarke Virgänger, ma dat deet dem Album näischt. Déi 2. US Museker ginn den Erwaardungen absolut gerecht.