AlbumcheckSt. Paul & The Broken Bones – Young Sick Camellia

St. Paul & The Broken Bones kommen dëse Sonndeg, den 28. Oktober, mat dësem Album live an den Atelier.

Leschten Update: 22.10.2018, 14:54:21

Rock’n’Roll, Gospel, R&B, Soul a Funk: St. Paul & The Broken Bones stinn déif an der Traditioun vun der amerikanescher Musek. Dat héiert en och op hirem neien, mëttlerweil 3. Album mat deem d‘Museker den 28. Oktober an den Atelier kommen.

Di 8 Museker vun Alabama ronderëm de Frontmann Paul Janeway inspiréiere sech zwar um traditionelle Soul a Funk, kléngen awer trotzdeem modern a frësch. Dat läit sécher och un der Produktioun vum Jack Splash, dee sech schonn ëm de  Sound vun Hip-Hop-Acts wéi Kendrick Lamar, Solange, Diplo an  Alicia Keys gekëmmert huet.

Ee gutt Beispill ass den Titel „Got It Bad“ huelen, eng Disconummer, déi kléngt wéi ee Mix aus Bee Gees a Mayer Hawthorne. Wieder Highlights sinn  „Apollo“ „LivWithOutU“.

Ënnerbrach ginn d’Lidder ëmmer nees vu kuerzen Interfluges resp. Intros, déi sech „Cumulus pt 1“, „Mature pt 2“, „Dissiapating pt 3“ oder „CaveFlora pt 1“ nennen a wou dem Paul Janeway säi mëttlerweil verstuerwene Bopa ze héieren ass. Deemno ass „Young Sick Camellia“ och ee ganz perséinlechen Album ginn.