AlbumcheckLukas Graham- Purple Album

De Song "7 Years" huet d'Band virun 3 Joer berühmt gemaach. Elo mellen Lukas Graham sech mat hirem neien Album "3 (The Purple Album)" zréck. 

Leschten Update: 05.11.2018, 06:41:54

Lukas Graham bréngen no “Lukas Graham” (2012) an “Lukas Graham (Blue Album)” (2015) mat “3  (The Purple Album)” den drëtten a leschten Deel vun hirer Album-Trilogie eraus. Di dänesch Band ronderëm de Frontsänger Lukas Graham liwwert ee  Popalbum, deen och e bësse Soul an sech dréit an wéi de Sänger ,seet, e bësse Ghetto-Flair.
De Cover huet dobäi dat selwecht Motif wéi déi éischt 2 Alben virdrun. Eng plakeg Mierjoffer setzt nieft engem Mier un eidele Fläschen. Just ass de Cover dës Kéier lila.  Lukas Graham hunn awer kee Purple Drink zou sech geholl an och net mam Autotune-Effekt iergendwellech Alienmusek produzéiert, mee einfache Pop-R'n'B.

Dobäi ass den neien Album  no der Hitsingle "7 years" awer leider just eng schwaach Kopie vun hirem scho bekannte Sound vu fréier. De Lukas Graham kann sou oft ewell "You are the only one" sangen: de Lidder déi gefillsvoll solle sinn, feelt et einfach u Séil.

D'Gittaren, dee melancholesche Pianosound, di dezent Geien, de Chouer am Hannergrond- all dat wierkt e bësse wéi wann et vu Robotere programméiert gi wier. An sou wierkt di dänesch Popband zimlech austauschbar. 

Hir Musek ass weder gutt nach schlecht genuch, fir Gefiller auszeléisen. Et feelt der Band zwar net un Talent, awer hirem 3. Album feelt et definitiv u gudden Iddeeën.