AlbumcheckLeoniden- Again

Leoniden kommen den 28. November mat hirem neien Album live an d'Rotonden.

Leschten Update: 06.11.2018, 11:42:01


Dee relaxen Indie-Pop-Rock vu Leoniden, deen d'Museker mat Soul a Funk kombinéieren, kënnt gutt un. Verschidde Concerten vun der Hierschttour waren scho virum Album-Release ausverkaaft, Zousatzshows a méi grousse Venues sinn fir Februar a März geplangt. D'Lidder op Again sinn nach méi melodiéis wéi um Debüt, awer och méi villsäiteg. Den Jakob Amr weist am Alternative-Rock-Opener „River“ seng gesanglech Fäegkeeten als Shouter, an „Alone“ als Soul-Sänger. D'Band wiesselt dobäi gekonnt vum Rock an den R&B-Pop-Beräich. Dotëscht déi  euphoresch Single „Kids“, déi de Stil vun Leoniden perfekt eriwwer bréngt.

Als ähnlech danzbar entpuppt sech „People“, groovy a funky. Opfälleg sinn déi weiblech Chouergesäng a rhythmesch Sequenzen (z.B. an „One Hundred Twenty-Three“). Highlights um Album sinn danzbar Indie-Pop-Songs wéi „Not Enough“ a „People“, oder am Indie-Rock-Beräich den Titel „Colorless“. Awer och den Ofschlosstitel „Slow“ funktionéiert exzellent. Leoniden verbannen op "Again" 80er Joren R&B-Soul mam Indie-Pop-Rock vun haut op eng ganz cool Aart a Weis.