AlbumcheckImagine Dragons - Origins

Knapp 16 Méint nom Release vum 3. Imagine Dragons Album hunn d'Museker hire neien a 4. Album "Origins" dobaussen.

Leschten Update: 12.11.2018, 14:36:28

Wisou waarden, wann d'Lidder an den Album prett sinn? Dat hu sech d'Imagine Dragons geduecht a kuerzerhand am Oktober e neien Album fir November ugekënnegt. Deen Album ass elo dobaussen, heescht "Origins" an huet 15 Lidder matdrop. 

Nieft de scho bekannte Singlen "Natural" a "Zero" sinn um Album ganz ennerscheedlech Songs matdrop! Vu méi poppege Songs wéi "Boomerang" geet et iwwert den Track "Machine" - e Song, den an engem esou genannten "Downtempo" opgeholl ass, an eng rockeg Hymne fir all Underdog soll sinn - bis hin zu elektroneschen Tracks wéi "Only" a "Cool Out". A wien bis "West Coast" lauschtert, deen héiert Folk-Elementer. Et kinnt ee mengen et wier eng Mumford & Sons Single mat der Stëmm vum Imagine Dragons Sänger Dan Reynolds.

D'Imagine Dragons weise mat hirem neien Album hir Villsäitegkeet an awer och hir Loscht un der Museker. Et ass scho komesch dat eng Band an esou engem kuerzen Zäitraum e ganz neien Album presentéiert, dat wëssen d'Museker och selwer. Ma si hunn d'Lidder prett gehat an hier Musek ass aktuell zäitgeméiss. Wisou also mam Album waarde bis e vläicht net méi passend wier?

De Succès vum Virgänger "Evolve" mat ronn 8. Milliarde Streams wäert kaum ze toppe sinn, ma dat ass de Museker vu Las Vegas bewosst gewiescht an och net d'Ziel vun der Band. Insgesamt muss ee soen dat de Release vun "Origins" e gudde Choix ass. Et ass de passenden Album fir d'Joer 2018 ofzeschléissen, och wann den Album vu ville Kritiker eng op den Deckel kritt.