AlbumcheckMark Forster - Liebe

De Mark Forster ass de Moment net nëmme bei "The Voice of Germany" ze gesi, mä en huet och en néien Album op de Maart bruecht.

Leschten Update: 21.11.2018, 10:34:36

De 16.November huet de Mark Forster säin néien Album “Liebe” verëffentlecht. 13 Lidder, déi vum Genre hier sou wéi all Mark Forster Lidd sinn, sinn drop. Et ass e bëssen dat op den Album gepaakt gi wat vill Zuschauer vu “The Voice of Germany” bei him bemängelen: hien kuckt vill op sech a fält bëssen an eng Matleedsroll.

D’Eldo Redaktioun ass der Meenung dass verschidde Lidder awer eenzel net esou schlecht sinn. Mat Recht lafe verschidde Lidder am Radio a ginn och vun de Léit gedownloat. Déi 13 Lidder awer um Stéck ze lauschtere kéint no enger Zéit e bëssen ustrengend ginn. Net nëmmen dass et bis op zwou dräi Ausnamen ëmmer déi nämmlecht Popmusek ass, mee och huet een d’Gefill dat an all Lidd iwwer dat nämmlecht gesonge gëtt. Bei verschiddene Lidder kéint een den Titel mat engem aner Lidd vertauschen an et géifen ëmmer nach zum Text passen.

Features sinn och op dem Album drop an do stécht ganz besonnesch "Danke Danke" mam Sido eraus. Soss ervirzehiewen ass den Track "Nimmerland". Wéi zu Peter Pan Zäiten kuckt de Forster op d'Kand sinn zréck. Mat der aktueller Single "Einmal" ass en drëtte Song drop, deen een ervirhiewe kann.


Wéi gesot, vereenzelt Lidder sinn net schlecht, mee hëlt een den Album eleng ënnert d'Lupp, da kritt en eng deck 4 vun 10.