AlbumcheckRita Ora - Phoenix

6. Joer nom éischten Album huet d'Rita Ora endlech säin 2. Album "Phoenix" dobaussen. An d'Waarden huet sech gelount!

Leschten Update: 26.11.2018, 10:42:39

Am August 2012 huet déi britesch-albanesch Musekerin Rita Ora säin Debutalbum "Ora" erausbruecht an domat an der britescher Heemecht direkt e Nummer 1 Album higeluecht. Dat et iwwer 6. Joer dauere sollt bis de Nofolger erauskënnt, war net de Wonsch vun der Musekerin. E jorelaange Sträit mat sengem ale Label huet d'Musekerin ëmmer nees doru gehënnert e neien Album erauszebréngen. A genee dat sollt säi Gléck sinn. 

Mat "Phoenix" liwwert d'Musekerin nämlech e richteg gudden Album. Säit iwwert engem Joer huet d'Rita Ora ëmmer nees Singlen aus dem neien Album erausbruecht, all erfollegräich. Wien also an den Album "Phoenix" eralauschtert dierft d'Lidder "Your Song", "Anywhere" a "Lonely Together" vum Avicii mam Rita Ora scho kennen. Dobäi kommen déi ganz nei Lidder "Let You Love Me" a "Velvet Rope". D'Rita Ora huet eng Mëschung fonnt déi passt. 16 Lidder sinn op der Deluxe-Versioun drop, an ënnert de neie Songs sinn och nach e puer cool Tracks. "Soul Survivor" z.B ass e perfekten Ofschloss dee seng richteg gutt Stëmm immens gutt an de Mëttelpunkt stellt. Am Song "Falling to Pieces" iwwerrascht et mat enger gutt agesater Trompett. 

Ënnert de 16 Lidder dierfen och Songs sinn, déi net esou iwwerzeegen. Do wier z.B den Track 7. "First Time High" oder d'Collaboratioun mam Julia Michaels "Keep Talking". E Song dee säi Potential einfach net ganz ausnotzt. 

Wichteg war der 28 Joer aler Musekerin awer och dem Avicii säi "Lonely Together" op den Album ze setzen. Et ass eng Collaboratioun déi d'Musekerin als Erënnerung u säi verstuerwene Kolleg um Album mat drop wollt hunn. 

An zum Schluss nach e kuerzt Wuert zum Titel "Phoenix". Wien d'Liewensgeschicht vum Rita Ora e bësse verfolleg an de Rechtssträit mat sengem ale Label e bëssen opschafft, dee versteet, dat den Titel als Neiufank geduecht ass. D'Lidder "Falling to Pieces" a "Soul Survivor" ënnersträichen dee Wee a confirméieren e gutt gewielten Albumtitel! 

"Phoenix" vum Rita Ora ass en iwwerzeegenden 2. Album!