AlbumcheckAlessia Cara - The Pains of Growing

Um neien an 2. Alessia Cara Album "The Pains of Growing" sicht déi 22. järeg Musekerin no sech selwer a sengem Wee!

Leschten Update: 03.12.2018, 12:00:24

Mat Lidder wéi "Here" a "Scars to Your Beautiful" huet di jonk kanadesch Musekerin Alessia Cara sech virun 3. Joer e Numm gemaach. Elo ass säin 2. Album dobaussen. Ouni vill Tam-Tam ass "The Pains of Growing" erauskomm, ma et ass en Album deen een ernimme sollt! De Longplayer mat senge 16 Lidder ass erfrëschend an definitiv e Geheimtipp! 

Mat sengen 22 Joer huet d'Alessia Cara un all de Lidder matgeschriwwen, der zum Deel och komplett selwer geschriwwen. 3. Songs vum Album sinn och vun him produzéiert ginn. "A Little More" an "I Don't Want To" huet d'Musekerin bei sech doheem mat enger akustescher Gittar agespillt an esou op den Album gepaakt. Domat huet d'Alessia Cara seng Handschrëft a seng Lidder a säin Album agebaut. 

Ma seng Theme sinn düster: Depressiounen, Eleng sinn, zerbrache Bezéiungen an Ängscht. Ënnerluecht mat poppegen Elementer, an awer och mol R&B oder elektronesche Beats.

"The Pains of Growing" huet virun allem awer och e roude Fuedem a gëtt pratkesch zu kengem Moment langweileg. Eppes wat seelen ass, bei Albe mat esou ville Songs drop! Et feele wuel di grouss Chart-Hits, ma dat ass net dem Cara säin Ziel gewiescht. Mat sengem neien an 2. Album mëscht eng jonk an talentéiert Musekerin e grousse Schratt novir, wéisst säin Talent an erzielt ëffentlech woumat vill jonk Leit ze kämpfen hunn, sech awer ni géifen trauen esou éierlech unzeschwätzen! A genee dowéinst gëtt et 2. Daumen erop fir d'Alessia Cara. Eng vun de positiven Iwwerraschunge vum Joer!