AlbumcheckJohn Legend - A Legendary Christmas

Et ass dem John Legend säin Dram gewiescht eng Kéier e Chrëschtdagsalbum erauszebréngen. Deen Dram huet de Soul an R&B Museker sech elo erfëllt.

Leschten Update: 17.12.2018, 13:43:39

Mat sengem aktuellen a 6. Album liwwert den John Legend säin éischte Chrëschtdagsalbum. "A Legendary Christmas" ass am Oktober schonn an de Verkaf gaangen, ma seng Zäit ass natierlech elo. 14 Songs huet den Album ze bidden, dovunner sinn 8. X-Mas Klassiker drop, déi hien a senger besonnescher Aart a Weis eriwwer bréngt, a 6 ganz nei Tracks. 

Säi neit Wierk ass sécherlech net de beschte Chrëschtdagsalbum vun allen Zäiten, ma eng excellent Alternativ zu all dem wou ee scho kennt. Den Album ass genee richteg fir wärend de Feierdeeg bei de Familljefester niewebäi lafen ze loossen.

Den John Legend, deen am September 2017 nach fir e Concert zu Lëtzebuerg war, huet sech säin Dram vun engem Chrëschtdagsalbum genee esou erfëllt, wéi ee sech dat virstellt. Seng Aarbecht ass propper an immens gutt duerchduecht. Et gëtt näischt u sengem neie Wierk ze meckeren.

"A Legendary Christmas" ass definitiv eng Alternativ zu de bekannte X-Mas Alben.