AlbumcheckMike Posner - A Real Good Kid

Den US Museker Mike Posner verschafft op sengem 3. a neien Album den Dout vu sengem Papp an dee vu sengem Kolleg, dem Avicii.

Leschten Update: 21.01.2019, 15:16:25

No sengen Hits "Cooler Than Me" an "I Took a Pill in Ibiza", mellt den US Museker Mike Posner sech mat engem neien Album an enger neier méiglecher Hit-Single ("Move On") zréck. Wat den Album kann, héier dir hei: 



Zitt een den Intro, den zweeten Intro an den drëtten Intro of, da bleiwen 9 Lidder um Mike Posner sengem 3. A neien Album iwwreg. An dobäi huet de Museker iwwer 50 Lidder fir „A Real Good Kid“ geschriwwe gehat.

 

Den US Museker verschafft op sengem neien Album den Dout vu sengem Papp. Deen ass den 11 Januar 2017 verstuewen. Dat soen ech Iech op deser Plaz, well den Track 2 vum Album genee esou heescht an ëm déi Zäit handelt… An de Fakt dat hien deen Dag bal mat der Musek opgehalen hätt an awer och zum Mann ginn ass. Ganz zum Schluss héiert een en intim Gespréich tëscht deenen 2.

Kuckt een e bësse wieder um Album da fënnt een déi aktuell a nei Single Move On. Den Optimismus ass zréck am Posner sengem Liewen. Et ass dat Lidd wou de Videoclip fir sech schwätzt an de Song domat e Stéck besser mëscht, wéi e wierklech ass.

An dem ganze Leed vum Joer 2017 ass dem Posner seng Bezéiung och nach ausernee gaangen. De 4 Track "Song About You" geet am positive Sënn em seng Ex-Frëndin, mat dem hien am gudden ausernee gaangen ass. Et ass nieft "Move On" ee vun de beschten Tracks vum Album.

"A Real Good Kid" ass en Album dee mir oft ze elektronesch an ze verspillt ass. Verschidden Tracks zéien sech anerer wierken einfach net stëmmeg genuch!

Ervirhiewe kann een d Lidder „Song About You", "Move On", "How It’s Supposed to Be" a "Stuck in the Middle". Dat geet awer net duer fir den Album als Ganzt gutt ze bewäerten.