AlbumcheckRudimental - Toast to our Differences

1 Joer nom Release vun der Hit-Single "These Days" liwwere Rudimental den Album dozou: "Toast to our Differences".

Leschten Update: 28.01.2019, 10:02:04

2010 huet d'Rudimental-Karriär ugefaangen, haut hunn déi 4. Briten hiren 3. Album "Toast To Our Differences" dobaussen. Et ass e Longplayer, deen 3 Joer op sech waarde gelooss huet a scho voll gefëllt ass mat Hits. Den Highlight um Album ass natierlech de Song "These Days" mam Macklemore, dem Jess Glynne an dem Dan Caplen. Et ass dat Lidd, dat am Joer 2018 dat meeschtgespilltent op Eldoradio war!

"Toast to our Differences" ass vollgefëllt mat positive Storye an engem liewege Sound. Den Album enthält nieft hiren Dance-Pop Elementer och nach Funk, Reaggae an esou guer Gospel-Passagen. Op all Song sinn aner Gaaschtmuseker dobäi. Dorënner si bekannten Nimm wéi e.a d'Rita Ora, den Tom Walker an den James Arthur, ma awer och nei Entdeckunge wéi de Kevin Garrett an d'Elli Ingram. 

Dat neit Rudimental Wierk ass esou propper a gutt duerchduecht, dat et scho bal en Tick ze vill ass. Dem Album feelt duerch di ganz Diversitéit eng kloer Handschrëft, déi een direkt erkenne léist, dat Rudimental hier Fanger am Spill hunn. Kuerz gefaast, d'Songs um Album kinnten och vu villen anere stamen. An de Longplayer huet 2-3 Songs ze vill mat drop! 


"Toast to our Differences" ass awer erëm en ideal Beispill fir ze weise wou den Trend higeet. Albe kommen nach eraus, ma eréischt dann, wa genuch Hits (These Days, Let Me Live, Sun Comes Up & Summer Love) zesumme komm sinn. D'Rita Ora huet et am November genee esou gemaach a sollt domat Succès hunn. Rudimental kinnt et d'Nämmlecht ergoen.