AlbumcheckPink- Hurts 2Be Human

"Hurts 2B Human" heescht deen neie Pink Album mat 13 neie Lidder. Et ass mëttlerweil dem Pink säin 8. Studioalbum an ee Must fir all Fans!

Leschten Update: 29.04.2019, 14:52:58

 

Wat beim Lauschteren vun den n eie Lidder opfällt , ass dass d’Pink mat der Zäit geet an sech säi rockege Sound vu fréier ëmmer méi an eng elektronesch Richtung entwéckelt huet. Sou fënnt nieft als Gaaschtmuseker nieft den 2 Sänger Wrabel a Khalid och een EDM-Trio mam Numm Cash Cash.

Dass d‘Pink sech awer net komplett vu sengen Wuerzelen distanzéiert, weist sech mam Lidd "Love Me Anyway", wat hatt zesumme mam amerikanesche Country-Star Chris Stapleton séngt. An der Popszene gouf hien d’lescht Joer als Gaaschtsänger vum Justin Timberlake bekannt.

Am ganzen huet "Hurts 2B Human" 13 Lidder ze bidden an d’Sängerin hëlt wéi gewinnt kee Blat virun de Mond. Am Titel  "Can We Pretend" wënscht d’Pink sech zum Beispill al Zäiten zréck, an deenen alles nach méi einfach war an d’Mënschen net sou ofhängeg vun den digitalen Medien waren.

Fazit: Vu gefillsvolle Balladen wéi "The Last Song Of Your Life" bis zu dynameschen Uptempo Nummeren wéi "Hustle": D‘Pink huet mat "Hurts 2Be Human" een ofwiesslungsräichen Album eraus bruecht.

An och wa sech d’Musek e bësse verännert huet- d’Pink huet ëmmer nach eppes ze soen. Andeems hatt de Sound un den aktuellen Chartspop upasst, suergt hatt dofir dass säi Message weiderhin och vun där jonker Generatioun gelauschtert gëtt.