AlbumcheckSYML- SYML

Mat der Single „Clean Eyes“ gouf den amerikanesche Museker SYML bekannt, elo huet hien säin Debütalbum eraus bruecht mat 12 Lidder drop.

Leschten Update: 08.05.2019, 10:45:24

Musek vu Seattle gëtt gréisstendeels mat Grunge aus den 90er oder Folk-Bands aus den 2000er verbonnen. Allerdéngs gehéiert de Brian Fennell alias SYML a keng vu béide Kategorien. Hien setzt léiwer op duusse Elektropop, wat elo zu engem éischten Album geféiert huet.

Scho mam Opener „Clean Eyes“ huet de SYML een éischten Hit gelant, deen a Richtung New-Wave geet. De klassesch ausgebilte Pianist iwwerzeegt a senge Lidder musikalesch grad sou wéi gesanglech- zum Beispill an der Pianosballade „Wildfire“mat héije gefillsvolle Vocals.

Zu der traureger Ballade „Where’s My Love“ gëtt et och eng schéin Anekdote: Als Nieweprojet zu senger deemoleger Band Barcelona ass de Song scho viru Joren eraus komm. Esou huet de Brian eraus fonnt, dass MTV säi Song benotzt hat an een DJ dee gemixed hat an domat 160 Millioune Streams bei Spotify virweise konnt.

Och a sengen Texter huet  de SYML eppes ze soen. Iwwerdeems „Connor“  sech domat beschäftegt, wéi Kanner erzu gi sollen, ass mam Titel „Break Free“ och eng sozialkritesch Nummer um Album.

Vum Sound hir erënnert de SYML u Kënschtler wéi Bon Iver, James Blake oder Jeff Buckley, Kënschtler déi de SYML selwer immens gären huet. Trotzdeem bleift um Enn d‘Gewëssheet, dass de SYML säin eegene Stil entwéckelt huet. Mat deem Album ass de SYML de Moment och op Tour. Den 27. Juni kënnt hie mat sengem Debütalbum live an d’Rockhal.

Tickete fir de Concert kritt der hei: 

https://www.rockhal.lu/events-tickets/other/show/detail/syml/