AlbumcheckFettes Brot - Lovestory

Fettes Brot sinn eng Institutioun am däitschen Hip-Hop. Zanter méi wéi 25 Joer sinn di 3 Museker ënnerwee, grad as hiren 9.  Album „Lovestory" eraus komm.

Leschten Update: 14.05.2019, 14:36:24

Mat Hits wéi „Jein“ oder „Nordisch by Nature“ hunn Fettes Brot an den 90er Joeren däitsch Hip-Hop-Geschicht geschriwwen. Hir Alben si reegelméisseg ganz uewen an den Charts ze fannen. Di 3 Museker sinn dofir bekannt, hir Meenung haart an däitlech ze vertrieden. Politik gehéiert an hir Lidder genee sou wéi witzeg Texte voller Wuertspiller. Si hunn ee klore Message, wëllen dobäi awer ni Moralapostel sinn. Op hirem neien Album "Lovestory" hu sech di 3 Museker mam Thema Léift beschäftegt. Et geet ëm Tinder-Dates, Narzissmus am Internet an ëm déi grouss Léift.

Et geet awer och ëm rietsextrem Gedanken, Geforen fir Bezéiungen a souguer kënschtlech Intelligenzen wéi Siri an Alexa. Déi éischt Single, "Du driftest nach rechts", handelt dovun, wat passéiert, wann ee sech vun enger geléifter Persoun distanzéiert.

Ee weideren Titel heescht „Ich liebe mich“. Wat am éischte Moment wéi eng narzisstesch Satire kléngt, ass a Wierklechkeet ee Plädoyer, sech selwer z’acceptéieren an trotz eegene Feeler gären ze hunn.

Op hirem neien Album erzielen Fettes Brot exklusiv Libesgeschichten – awer eben net am klassesche Sënn. D’Thema  wëllen di 3 aus ongewéinlechen Perspektiven analyséieren. Kloer wier Léift am de Popmusek ee grousst Thema, awer si wollten Libesgeschichten erzielen, déi sou nach kee geschriwwen huet.