AlbumcheckLewis Capaldi - Divinely Uninspired To A Hellish Extent

Seng 1. Single “Someone You Loved” war wochelaang op Plaz 1 vun de UK Single Charts. Elo dierfen d’Fans sech iwwert säi kompletten Album freeën.

Leschten Update: 23.05.2019, 13:30:06

„Divinely Uninspired To A Hellish Extent“ nennt sech den Album. Zum Gléck bezitt sech den Numm vum Album net op d‘Qualitéit vum Inhalt. Den Albumtitel mengt vill méi d’Héichten an d’Déiften vum Erwuesseginn. Léift, Verloscht & Libeskommer verpéckt de Lewis Capaldi an emotional Texter an presentéiert déi mat senger eenzegaarteger Stëmm. 

Och di ganz subtil an minimalistesch inzenéiert Instrumentéierung hieft sech positiv ervir. Gittar a Piano dominéieren. Kee Song wierkt onnéideg iwwerlueden.

An den Texter dominéiert d’Thema Léift mat all senge Facetten: toxesch Bezéiungen, Verloscht, grouss Léift.  Just den Titel "Hollywood" handelt vun der Onsécherheet, wann een fir d’éischte Kéier wäit fort vun doheem ass - iwwregens deen eenzege gutt gelaunte Song um Album.

Perspektivesch inzenéiert sech de Lewis Capaldi als Mann deen u sech selwer zweiwelt an d’Schold un allem gëtt. Meeschtens geléngt him de Spagat tëscht emotional a kitscheg, mat Momenter dominéiert awer d’Tendenz zum Kitschegen, zum Beispill bei dësem Song mam Numm "Forever".

Fazit: Trotz  dominanter Liebesthematik gëtt et um Album net langweileg. Dem Lewis Capaldi seng eenzegaarteg Stëmm gëtt all Titel een eegenen, individuellen Touch. Mat Themen wéi Nostalgie, Euphorie, Verléiftsinn a Libeskommer kann ee sech selwer an de Lidder erëm fannen oder sech och einfach och einfach just am emotionale Sound vum schottesche Museker verléieren.