AlbumcheckAvicii - TIM

Den Avicii huet aner Leit mat senger Musek glécklech gemaach, konnt dëst Gléck awer oft selwer wéineg spieren. Dat weist och säin neien Album „TIM“.

Leschten Update: 11.06.2019, 12:34:21

Den Avicii lieft net méi, seng Musek awer bleift. E bësse méi wéi ee Joer no sengem  Dout liwwert de Studioalbum „TIM“ eng Dosen nei Lidder , un deenen de schwedeschen DJ bis zulescht mat Staren wéi Chris Martin an Imagine Dragons geschafft huet.

D’Lidder funktionéieren wéinst hire gudde Melodie net just an der Disco, mee och doheem op der Couche. Repetitive House-Beats waren ni dem Avicii säi Stil. Villméi war seng Elektromusek déifgrënneg an emotional.

Bis zu sengem Dout hat de Museker mat diverse Kënschtler a Produzenten un neier Musek geschafft. De Moment vu sengem Dout hat hien säin neien Album bal fäerdeg.  Des Lidder hu vertraute Songwriter elo fäerdeg gestallt an dobäi probéiert, dem Avicii senger Visioun sou gerecht wéi méiglech ze ginn.

An di 12 Lidder droen tatsächlech och posthum eendeiteg dem Avicii seng Handschrëft.  Schonn déi éischt Single „SOS“ beweist, dass positive Sound mat nodenklechem Text zesumme passe kann. Agesongen gouf „SOS“ vum Aloe Blacc, mat deem den Avicii scho bei sengem Welthit „Wake me up“ zesumme geschafft hat.

Sou nodenklech den Text ass, sou happy sinn d’Beats. Dat gëllt net just fir „SOS“, mee och zum Beispill fir den Titel „Heaven“, bei deem de Coldplay-Sänger Chris Martin seng Stëmm zur Verfügung gestallt huet.

Den 2. Deel vum Album gëtt nach e Stéck méi emotional, um Track „Hold The Line” zum Beispill. Hei geet drëm, sech ëmmer weider ze pushen, och a schwéieren Zäiten.

Et ass een deprimante Song, awer trotzdeem positiv. En handelt dovun net opzeginn. Traureg a glécklech zugläich- eben typesch Avicii.