AlbumcheckBastille- Doom Days

Bastille sinn zréck mat hirem 3. Studioalbum „Doom Days“. Den Album dréit sech em de Wonsch, mol ofzeschalte vun deenen deegleche Katastrophemeldungen.

Leschten Update: 18.06.2019, 13:05:06

Konzeptalben waren virun allem an de 60er a 70 er Joren am Trend: Bands wéi Beatles a Pink Floyd hunn zu där Zäit Alben eraus bruecht, déi eng ganz Geschicht erzielt hunn. Bei aktuellen Releasen fënnt een éischter eng Serie vu Lidder déi fir sech eleng stinn. Bastille hunn dorops awer keng Loscht. Hannert hirem neien Album „Doom Days“ stécht ee Konzeptalbum mat roudem Fuedem: souwuel thematesch wéi och stilistesch passen di 11 Lidder perfekt beieneen.

Erzielt gëtt – wéi den Albumtitel schonn undeit – eng Geschicht mat Weltënnergangs-Stëmmung. Phänomener wéi Klimawandel an Ëmweltverschmotzung ginn opgegraff grad sou wéi di haiteg Sensatiounsgier an d‘Ofhängegkeet vun de soziale Medien. Besonnesch däitlech gëtt dat am Titeltrack „Doom Days“, an deem et ganz konkret ëm d‘Beschreiwung vun enger apokalyptescher Seene geet. D‘Stëmmung ass düster, an et mierkt een dass d’Lidder effektiv e Message hunn.

Stilistesch beweegen d’Museker sech iergendwou tëscht hiren éischten 2 Alben „Bad Blood“ a „Wild World“ – e puer Lidder  erënneren un d’Ufankszäiten vun der Band, iwwerdeems och nei Aflëss eng Roll spillen. Trotz Weltënnergangsstëmmung sinn och hitverdächteg Poplidder um Album, wéi mat „Million Pieces“ an „Quarter Past Midnight“.

Grad sou fënnt  roueg Balladen wéi „Divide“ a „4 AM“)oder klassesch Indie-Nummeren („The Waves“).

Trotz Konzept bréngen Bastille et also fäerdeg, dass den Album net langweileg gëtt a kléngen grad sou ofwiesslungsräich, wéi een et scho vun hire fréieren Alben gewinnt ass.

Fazit: Bastille weisen mat „Doom Days“, dass Konzeptalben och an Zäiten vum Streaming nach  funktionéiere kënnen a bidden eng schéin Ofwiesslung zu zesummegewierfelten Alben ouni Zesummenhang.