AlbumcheckMark Ronson- Late Night Feelings

Sou zimlech alles wat de Mark Ronson eraus bréngt, gëtt e Succès. E Freideg huet hien säi 5. Studioalbum „Late Night Feelings“ eraus bruecht.

Leschten Update: 24.06.2019, 10:12:24

Seng Lidder kennt jiddereen, hien selwer net onbedéngt: De britesche Songwriter a Produzent Mark Ronson ass responsabel fir Hits vum Any Winehouse, Bruno Mars a Lady Gaga. Hien selwer bleift dobäi gären am Hannergrond- och op eegenen Alben.

Op sengem neien Album „Late Night Feelings“ huet de Mark Ronson op en neits mat grousse Staren zesumme geschafft  - awer och ma Newcomer. An deenen 13 Lidder um Album sinn ausnamslos Sängerinnen ze héieren.

Déi éischt Single, den Titel „Nothing Breaks Like A Heart“ mam Miley Cyrus, gouf schonn en Hit. De 7-fache Grammy-Gewënner  huet sech ënner anerem mam Yebba awer och eng éischter  onbekannte Kënschtlerin an de Studio geholl.

3 Lidder huet hie mat dëser Sängerin opgeholl an déi erzielen de Verlaf vu ville Libesbezéiungen: vum éischte Flirten, bis hin zu der verléifter Phase bis zum Ëmgang mat der Trennung.

Des weidere fënnt een Vocals vu Staren wéi Lykke Li iwwer Angel Olson bis hin zum Alicia Keys. De Sound geet dobäi vun dynameschem Electro-Pop, iwwer emotionale Soul eleganten R’n’B an melodiéis Autotune-Balladen. 

Fazit: den Album „Late Night Feelings“ hält, wat den Numm Mark Ronson versprécht: kommerzielle Pop, 70er-Joren-Disco, R&B-Aflëss- a ganz vill Fraepower.