AlbumcheckThe Black Keys - Let's Rock

5 Joer laang war et roueg ronderëm The Black Keys. Elo ass di amerikanesch Bluesrockband zréck mam neien Album "Let's Rock".

Leschten Update: 01.07.2019, 12:17:32

No 5 Joer laanger Abstinenz presentéieren d’Museker mat "Let's Rock" hiren neien Album. Deen u sech einfachen Titel huet dobäi ee seriö’en Hannergrond, „Let’s Rock“ waren di lescht Wieder vun engem Prisonéier, deen op deem Dag zum Dout veruerteelt gouf, wou d’Black Keys grad hiren neien Album opgeholl hunn. Di tragesch Ironie dobäi ass, dass een Titel nach ni sou gutt bei  ee Black-Keys-Album gepasst huet wéi des Kéier.

 

Den Duo péckt no der Bandpaus  nees d’elektresch Gittar an d’Batterie aus. Op dësem mëttlerweil 9. Album fënnt een zwar keen neie Sound, awer den 2 Bandmemberen dierft dat egal sinn. Di 3 Singleauskoppelungen goufen all op Youtube méi wéi eng Millioun mol gekuckt.

 

Et kritt ee vun The Black Keys eben dat, wat sech vill Fans wënschen: nämlech genee dee Sound dee si kennen a gären hunn. Domat langweilt ee vläicht Leit, déi sech e bësse frësche Wand erhoffen, mee an dësem Fall ass dat aalt Rezept e Succès.

 

Schonn den Opener "Shine A Little Light" kraacht wonnerbar entspaant aus de Boxen. "Eagle Birds" erënnert u ZZ Top, a "Sit Around And Miss You" ass eng gefillsvoll Soul-Nummer, an och di aktuell Single „Go“ kann op ganzer Linn iwwerzeegen.

 

Fazit: Mat hirem ganz eegene LoFi-Bluesrock-Sound hunn The Black Keys sech an de leschten 20 Joer ëmmer méi wäit erop gespillt. Ween also mat dësem albekannte Sound vun der Band gutt eens gëtt, dierft och un dësem Album Gefale fannen.