AlbumcheckTwo Door Cinema Club - False Alarm

No 3 Joer Paus mellen Two Door Cinema Club sech zréck mat hirem 5. Studioalbum "False Alarm".

Leschten Update: 08.07.2019, 16:10:42

Two Door Cinema Club si mat Hits wéi „What You Know“ a „Something Good Can Work“ viru bal 10 Joer bekannt ginn. Dass di iresch Band gudden Indierock ka maachen, huet si scho laang bewisen. Mee dass si sech och ee Joerzéngt méi spéit nach behaapten kann, nieft villen neie Bands a Kënschtler, déi ähnlech Musek maachen, weist sech an hiren neie Lidder.

Eng Mëschung aus Funk, Synthesizer an Disco Pop hëlleft Two Door Cinema Club dobäi, hiren Sound aus vergaangenen Zäiten ze moderniséieren. All Toun weist, wéi vill Spaass di 3 Iren bei der Opnam vun dësem Album haten. Besonnesch gutt gëtt dat bei der Single „Satellite“ däitlech.

Nodeems et an de leschte puer Joer ënnert de Museker verschidden Differenze gouf, hat ee schonn d’Enn vun der Band gesi kommen. D‘Museker haten sou Zäit zesumme verbruecht, dass si et iergendwann net eemol méi aushalen konnten, an deem selwechte Raum ze sinn.

Two Door Cinema Club wollten deemools méi kreativ a méi erfollegräich sinn wéi d‘Konkurrenz  – an dat huet hinne bal d’Genéck gebrach. Mëttlerweil maache si Musek net méi aus Zwang, mee well si et selwer wëllen. „False Alarm“ kléngt liicht an experimentell –an trotzdeem onverwiesselbar.

Fazit: Dass Two Door Cinema Club kënne Musek maache fir ze danzen, war scho mat hirer éischter Single kloer. Mee och bal 10 Joer méi spéit beweisen si, dass si net ouni Grond ëmmer nach mathale kënnen –an dat och wëllen. Wee Loscht huet op eng Mëschung aus Indierock, Funk, a Synthiepop, sollt sech den Album onbedéngt ulauschteren.