AlbumcheckEd Sheeran - No 6 Collaborations Project

Dem Ed Sheeran säin neien a 4. Album „No 6 Collaborations Project“ ass een Album iwwert d’Léift. Begleet gëtt hien dobäi vu bekannte Staren a vun Newcomer.

Leschten Update: 15.07.2019, 16:42:20

Fir säin neien Album huet den Ed Sheeran sech eng ganz Rëtsch Kollegen un de Mikro geholl. Eraus komm sinn dobäi entspaanten R’n’B-Nummeren wéi „Beautiful People“, wou hien sech am Duett  mam texanesche Soulmuseker Khalid vun der iwwerflächlecher Schickeria vun L.A. distanzéiert.

Oder „Best Part of Me“, eng Akustikballade iwwert di grouss Léift, emotional virgedroen vun der jonker amerikanescher Sängerin Yebba.

Op der Single „I Don’t Care“ mam Justin Bieber erzielt den Ed Sheeran doriwwer, dass een zu 2 einfach alles besser erdréit. „Cross Me“ mam Chance The Rapper handelt dovun, dass Léift och Vertrauen heescht. Gréisstendeels Libeslidder also fënnt een op dësem Album. 

A Saache Stilistik ass „No 6“ vrun allem een Hip-Hop-Album mat poppege Refrain’en, vun deenen der ëmmerhin e puer am Ouer hänke bleiwen. Ëmmer nees gëtt et och Iwwerraschungen – wéi ee folkege Beat, e Bléiserasaz a bei „Way to Break My Heart“ zesumme mam Skrillex schliisslech eng Gittar, déi un „Every Breath You Take“ vun The Police erënnert.

Eigentlech mécht den Ed Sheeran op senger Duett-Party net vill falsch. Dass et um Enn trotzdeem net fir een finaalt Freedefeier duer geet, läit gréisstendeels un den oft oninspiréierten Invitéen.  Et gëtt gerappt a  gerockt. Awer sou richteg hänke bleift kaum eppes. Lidder mam Chris Stapleton, Bruno Mars , Eminem a 50 Cent iwwerzeegen nach am meeschten.  All déi aner vergësst ee séier nees. Wat hei zielt ass just eppes: Dobäi sinn ass alles.