AlbumcheckFreya Ridings- Freya Ridings

Di britesch Singer/Songwriterin Freya Ridings huet mat éischte Lidder schonn opmierksam gemaach. Elo ass och säin Debütalbum eraus komm.

Leschten Update: 22.07.2019, 09:42:31

Virun 2 Joer gouf d‘Freya Ridings mat der Single „Lost Without You“ bekannt. Duerch den Asaz an enger Tëleesserie huet de Song sech verbreet a sech an den Top 10 vun de briteschen Charts erëm fonnt.  Mëttlerweil gëtt d’Freya Ridings vun der britescher Times als „neit Adele“ gefeiert, an huet och schonn een Optrëtt um Glastonbury-Festival hannert sech.

3 Wochen no dësem Optrëtt ass den Debütalbum vun der britescher Sängerin eraus komm. Heirobber ze fannen sinn melancholesch, an traureg awer och motivéierend Lidder. Wéi d’Sängerin seet, ass den Album bal wéi eng Zäitkapsel vun de leschten 10 Joer vu sengem Liewen. Mobbing, Trennung, Libeskommer- villes a senge Lidder ass autobiographesch.

D’Saachen an d’Mënschen déi hatt gären huet, wieren him immens wichteg, seet d’Sängerin. Wann et dann net sou leeft wéi erhofft, dann deet dat immens wéi. Dat fënnt dann de Wee a seng Musek. Nieft duusse Piano-Balladen wéi „Poison“ oder „Lost Without You“ gëtt et och danzbar Lidder um Album – wéi „Love Is Fire“ oder di nei Single „Castles“.

Wat den Adele-Verglach betrëfft, muss d‘Freya Ridings haart laachen. D’Adele war ëmmer een vu senge gréisste Virbiller. Grad wéi säi Virbild huet och d’Freya Ridings seng Lidder selwer geschriwwen – a gesäit sech trotzdeem net als Songwriterin. „Et war eigentlech eng Therapie“, seet hatt. „Awer elo wier et dat gréisste Gléck vu sengem Liewen.“